Schwammcamp – Summervakanz 2022

Lescht Platzen disponibel fir de 4+ an der Woch 2 – de Rescht ass leider schon ausverkaf

De Centre de Natation ‚An der Schwemm‘ organiséiert wärend der Summervakanz 2 Schwammcampen fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer.

All d’Informatiounen fann där op eisem Aschreiwungsformulaire (en Annexe) an am Accueil vum Centre de Natation ‚An der Schwemm‘.

Mär bieden Iech dorëm den ausgefëllten Aschreiwungsformulaire un d’Mailadress sport@schwemm.lu ze schécken oder en direkt am Accueil vum Centre de Natation ‚An der Schwemm‘ ofzeginn.