De Parking ass vum 24.06 bis den 26.06.2026 zou

Léif Clienten,

Mär wëllen Iech doriwwer informéieren, datt de Parking virum Centre de Natation ‚An der Schwemm‘ duerch d’Ofschlossaarbechten vum Buedembelag vum 24. bis den 26. Juni 2026 komplett gespaart ass.

Ab dem 27. Juni 2026 sinn d’Renovatiounsaarbechten ofgeschloss an ab deem Moment ass de ganze Parking erëm accessibel.

Mär soen Iech merci fir Äert Versteesdemech.