Mir stellen an / nous recrutons
Mir stellen an:
Zwee Mataarbechter am Statut vum Salarié à tâche manuelle (m/w/d) op 50 %-Basis
(20 Stonnen d’Woch) an der Karriär Grupp A (Kollektivvertrag fir Staatsarbechter).
D’Kandidaten/inne mussen:
- Eng dräijäreg Ausbildung am Secondaire (no der Primärschoul) erfollegräich ofgeschloss hunn;
- E gepfleegten a professionellen Optrëtt hunn;
- Op Lëtzebuergesch kommunizéiere kënnen. Kenntnisser an anere Sproochen (Däitsch, Franséisch an Englesch) sinn e Virdeel;
Aufgaben (net exhaustiv Lëscht):
- Telefon beäntweren;
- Aarbechten an der Keess an Empfang vu Clienten;
- Aufgaben am Sauna-Beräich, inklusiv d’Duerchféiere vun Opgoss-Sessiounen;
- Virbereeden an Zerwéiere vu klenge Snacks a Gedrénks fir d’Clienten;
Mir bidden:
- En attraktive Loun;
- En flexibelen Aarbechtsplang op Basis vun engem Aarbechtsorganisatiounsplang (POT). Bereetschaft fir um Weekend ze schaffen ass erfuerderlech.
- En onbefristen Kontrakt.
Start Datum:
01.12.2026 oder no Ofsprooch.
D’Kandidaturen sollen un dës Adress geschéckt ginn:
Per E-Mail: jobs@schwemm.lu
Per Post:
Syndicat Intercommunal Bettembourg/Leudelange Centre de Natation „An der Schwemm"
zu Hänn vum Här Gerry SCHMIT (Gerant)
BP 50
L-3201 Beetebuerg
Fir weider Informatioune kënnen d’Kandidaten/inne sech un de Gerant vum Syndikat, den Här Gerry SCHMIT (oder d’Madame Vera CARVALHO a senger Ofwiesenheet), ënnert der Nummer 265 295 -1 wenden.
D’Kandidaturen mussen och déi genee Adress an d’Telefonsnummer vum Kandidat/vun der Kandidatin enthalen.
Follgend Dokumenter mussen derbäi geluecht ginn:
– En aktuelle Gebuertsschäin-Extrait;
– Eng Kopie vun der Identitéitskaart;
– En aktuelle Strof Regëster-Extrait;
– Schoul- a Beruffs Zertifikater – oder beglaubegt Kopien dovun – déi eng Vollzäit Ausbildung am Secondaire (no der Primärschoul) am lëtzebuergesche Schoulsystem beleeën, oder en Zertifikat, deen e Studium noweist, deen vum Educatiounsministere als gläichwäerteg unerkannt ass;
– En CV;
– Eng rezent Passfoto.
D’Kandidaturen musse spéitstens den 26. Oktober 2026 era gereecht sinn.
De Bureau vum Syndikat, Beetebuerg, den 21. September 2026
Jean Marie JANS, President
Lou LINSTER, Vizepresident
Josée LORSCHE a Patrick CALMUS, Memberen